Um zweeten Dag vum virtuelle G20-Sommet hunn d'Staats- a Regierungscheffen e verstäerkte Kampf géint de Klimawandel gefuerdert.

Um G20-Sommet gouf festgehalen, dass de Corona-Impfstoff gerecht op der Welt soll verdeelt ginn.

An der Ofschlosserklärung heescht et, dass déi méi aarm Länner sollen ënnerstëtzt ginn an dass den Zougang zum Impfstoff fir all d'Mënschen muss garantéiert sinn. D'Mëttel dofir wieren do.

D'Bundeskanzlerin Angela Merkel huet an hirer Ried betount, dass Si sech fir eng weltwäit Pandemie-Bekämpfung wëll asetzen. Déi multilateral Zesummenaarbecht wier den Ament immens wichteg.

Ausserdeem hunn d'Staats- a Regierungscheffen e verstäerkte Kampf géint de Klimawandel gefuerdert.