D'Weltgesondheetsorganisatioun ënnersträicht wéi wichteg kierperlech Aktivitéit ass, och a Corona-Zäiten.

D'WHO recommandéiert op d'mannst 2,5 bis 5 Stonne Beweegung pro Woch.

Op d'mannst 21 Minutte soll ee sech als Erwuessenen den Dag beweegen, och nach am Alter iwwer 65, wann ee chronesch krank ass oder eng Behënnerung huet. Fir d'Kanner wiere souguer 60 Minutte Beweegung den Dag néideg.

D'WHO seet weider, datt een d'Muskele muss trainéieren, op d'mannst zweemol d'Woch.

D'Kanner sollen 3 Mol d'Woch kierperlech Gas ginn.

Wann ee sech un déi Recommandatiounen hält, kéinten der Weltgesondheetsorganisatioun no, 5 Millioune fréizäiteg Doudesfäll verhënnert ginn. D'Gesondheetsystemer gi wéinst eisem ze bequeme Liewensstil mat 54 Milliarden Dollar belaascht.