Am Fall, datt d'Walmänner den Joe Biden géifen zum US-President wielen, géif hien d'Wäisst Haus verloossen.

Den Donald Trump gëtt deemno no, stellt awer Konditiounen. Den aktuellen US-President huet an Aussiicht gestallt, datt en dat Wäisst Haus verloosse wäert. Ënnert enger Konditioun: den Joe Biden misst als President confirméiert ginn.

Den "Electoral College" misst fir den Demokrat stëmmen. Do sinn d'Walmänner dran.

Den Trump huet awer betount, datt hien esou e Vott fir de Biden wéinst „massivem Walbedruch“ fir e Feeler hält.

Den Trump bleift derbäi, d'Wale ware manipuléiert. Zu 100%. Beweiser dofir huet hien awer nach ëmmer keng presentéiert.

Et war iwwregens eng éischte Kéier, datt hie sech de Froe vu Journaliste gestallt huet zanter der Wal den 3. November.