De Rakéitespezialist an Atomphysiker Mohsen Fakhrizadeh ass bei Teheran ugegraff ginn. Hie war eng Schlësselfigur am iraneschen Atomprogramm.

D'Hannergrënn sinn nach onkloer. Den iranesche President Hassan Rohani mécht d'israelesch Regierung fir d'Attack responsabel. An engem Interview sot hien, d'Ermuerdung vum Fuerscher géif weise wéi verzweiwelt d'Feinde wieren. D'Attack géif allerdéngs den Nuklearprogramm vum Iran net op d'Kopp geheien.

D'israelesch Regierung an och den US-Verdeedegungsministère hunn d'Dot net kommentéiert. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet betount, datt alles evitéiert misst ginn, wat zu enger Eskalatioun an der Regioun féiere kéint.