A Frankräich ass e jonke Mann vun 19 Joer zu annerhallwem Joer Prisong verurteelt ginn, wéinst enger Mordmenace.

Hien hat engem Professer gedreet, hie misst stierwe wéi de Samuel Paty.

De Professer hat enger Rei Schüler virgeheit, bei enger Prüfung gefuddelt ze hunn, de jonke Mann, dee selwer net betraff war, huet sech doropshin am Internet, d'Adress vum Professer erausgesicht, fir him dës Menace ze schécken.

Hie sot dono viru Geriicht, hien hätt domadder e Meedche wëlle beandrocken. D'Riichter waren et net. Hie gouf zu 18 Méint Prisong verurteelt.