Kämpfer vun der Islamistegrupp Boko Haram hunn am Nordoste vu Nigeria iwwer 40 Aarbechter ëmbruecht. Donieft sollen eng ganz Partie Leit entféiert gi sinn.

Den nigerianesche President Buhari huet d'Dot verurteelt an vu sënnlosen Attacke geschwat. Boko Haram wëll am Nordoste vum westafrikanesche Land en islamistesche Staat opbauen.