Zu Léck hunn e Samschdeg den Owend honnerte Mënschen trotz Versammlungsverbuet géint d'Ausgangsspär an der Belsch demonstréiert.

Bei Ausernanersetzunge mat der Police goufe véier Beamten an dräi Demonstrante blesséiert. D'Police huet 17 Persoune festgeholl.

An der Belsch sinn wéinst der aktueller Pandemie ëffentlech Versammlunge vu méi wéi 4 Persoune verbueden.

Protestéiert gouf och zu London

D'Police huet do iwwer 150 Persoune festgeholl. D'Demonstranten hate sech net un d'Corona-Reegele gehalen oder hunn d'Beamten ugegraff. Am aktuellen Deel-Lockdown sollen d'Bierger hiert doheem nëmmen mat engem valabele Grond verloossen - fir ze schaffen, anzekafen oder eng vulnerabel Persoun ze fleegen. Eng Demonstratioun ass net erlaabt.