Wéi et aus Justizkreesser heescht, hunn déi 4 Polizisten, déi de Michel Zecler viurn enger Woch brutal zesummegeschloen hunn, misse viru Geriicht.

Hinne gëtt "rassistesch motivéiert Gewalt a Falschaussoe reprochéiert.

De Museksproduzent war viru ronn enger Woch vun de Beamte zerschloen, mat Féiss gerannt a rassistesch beleidegt ginn. De Virfall war vun Iwwerwaachungskameraen opgezeechent a verëffentlecht ginn. D'Poliziste goufen duerno suspendéiert an an Arrest geholl.

Den Ermëttler hate si gezielt, de Mann wier ouni Mask erwëscht ginn, dorop ugeschwat, wier de Mann handgräiflech ginn. D'Videoopname weisen awer, wéi d'Polizisten de Michel Zecler an d'Gesicht schloen a mat hire Knëppelen taktéieren.

D'Affer huet ausgesot, hie wier ouni Grond ugegraff ginn. Si hätten d'Wierder "dreckegen Neger" benotzt an dobäi ëmmer nees zougeschloen.

De Fall hat a Frankräich fir Entsetze gesuergt, souwuel bei verschiddene Futtballstaren, wéi och beim Emmanuel Macron. Landeswäit sinn honnertdausende Mënschen op d'Strooss gaangen, fir géint d'Policegewalt ze demonstréieren.