Een Affer vun der Pandemie gëtt an den nächste Méint méiglecherweis och de Wantersport...

Nach ass keng eenheetlech Decisioun gefall, mä Schifueren z’erlaben oder ze verbidden zielt souwisou zu den nationale Kompetenzen an net zu deene vun der EU. D’Tourismusindustrie an den Alpen baangt awer schonn ëm hiert Akommes.

Bei gemittleche Fréijoerstemperature gouf dës Woch am Alto Adige, a Südtiroul, emol preventiv e bësse Konschtschnéi op déi zoue Piste gesprayt. Mä de Bléck vun de Liftbedreiwer an den Hotelieren ass op Roum geriicht, fir gewuer ze gi wat déi italienesch Regierung dann um Enn decidéiert, mat an de Bicher dem battere Bilan vun iwwer 50.000 Covid-19-Doudesaffer bis ewell landeswäit. Däitschland a Frankräich si retizent.

Den Hotspot Ischgl ass wéi vergiess. Éisträich insistéiert op d’Wantersaison mat Optakt viru Chrëschtdag fir déi eidel Keesen ze fëllen – just op den Après-Ski wier ee bereet ze verzichten. Vun 10 Auer owes un géif eng Ausgangsspär gëllen.

Och a Frankräich ass d’Situatioun verdrësslech. Op d’mannst bis den 20. Januar nach mat sollen d’Liften ofgeschalt an och d’Restauranten zou bleiwen. Eng Decisioun, déi der vill net kënnen novollzéien. (TS)

Sollt eng EU-wäit Decisioun falen, da wier nach ëmmer d’Schwäiz net dru gebonnen. An der aktueller Situatioun awer dierf een als Lëtzebuerger wéinst onsen héijen Infektiounszuele souwisou net an d’Schwäiz. An Italie waart een op eng europäesch Decisioun.

De Flavio Costanzi, Hotelier an Trentino-Alto Adige: "Mir kënnen net waarde bis mer dierfen opmaachen, well dat ganzt Joer hu mer renovéiert. Et wier elo un der Zäit, dass s’ons opmaache loossen, well mir mussen dat verdénge wat mer investéiert hunn."

Mä nach ass de Virus kee Schnéi vu gëschter an e funktionéiert bekanntlech och net no den allgemenge Reegele vun der fräier Maartwirtschaft.