Dat mellt déi franséisch Noriichtenagence AFP. Senger Famill no soll hien un de Suitte vum Covid gestuerwe sinn.

Noruff Valéry Giscard d'Estaing / Rep. Claudia Kollwelter

De fréiere franséische President Valery Giscard D’Estaing ass dout. Hien ass 94 Joer al ginn a soll senger Famill no un de Suitte vum Covid gestuerwe sinn.

De fréiere Staatschef war an de leschte Méint e puer Mol wéinst Häerzproblemer an d'Spidol ageliwwert ginn.

De Valery Giscard d'Estaing stoung vu 1974 bis 1981 un der Spëtzt vu Frankräich a war virdru Finanz- a Wirtschaftsminister. Als Expert fir Finanz- a Budgetsfroe war hien an der Lescht och „Elder Statesman“ am europäeschen Verfassungskonvent, a war zanter 2003 och an der Académie française.

Hie gouf zu Koblenz an Däitschland gebuer als „pure Produkt vun der franséischer Elite“, sou d’Agence France Presse. De Zentrumspolitiker war iwwerzeegten Europäer an huet och nach am héijen Alter Europa-Froe kommentéiert. Wärend senger Presidence wollt hien d’Fransouse versammelen an huet d’Land gesellschaftlech moderniséiert, obwuel en à la base konservativ war. Ënner anerem huet hien d'Recht op Ofdreiwung agefouert.

Geplot war hie mat der ekonomescher a sozialer Kris wéinst de Pëtrolskrisen an de 70er Joren an huet d’Presidence 1981 un de Sozialist François Mitterand missen ofginn.

An de 70er Joren huet hien och eng besonnesch Frëndschaft mam deemolegen däitsche Kanzler Helmut Schmidt verbonnen.