Nach am leschten Abléck hu sech Spuenien a Groussbritannien grondsätzlech gëeenegt.

Deemno trëtt Gibraltar dem Schengen-Raum ouni Grenzkontrolle bäi. Op dës Manéier gëtt evitéiert, dass d'Grenz tëscht Spuenien a Gibraltar vum 1. Januar 2021 un zu enger onduerchlässeger EU-Baussegrenz gëtt.

Gibraltar ass e brittescht Iwwerséigebitt, dat op enger Landzong vun der spuenescher Südküst läit. Ouni Eenegung hätten duerch de Brexit misse Kontrollen op der Grenz duerchgefouert ginn. D'Reegele fir de Grenzverkéier vun der brittescher Exklave ware bis zum Schluss staark ëmstridden.