Dat gouf e Méindeg um Sommet "one planet" iwwer Biodiversitéit zu Paräis festgehalen.

Däitschland wëll 30 Prozent vu sengem Land a Mier ënner Schutz stellen, dat an de nächsten 9 Joer.

Domadder trëtt Berlin der sougenannter "High Ambition-Koalitioun for nature and people" bäi, enger Allianz vu momentan ronn 50 Regierungen, där och de Grand-Duché ugehéiert.

Frankräich wëll mam gudde Beispill virgoen, an dat ganzt schonn am Laf vun dësem Joer ëmsetzen.