D’Entwécklungshëllef a generell finanziell Transaktioune mat Kuba gi vun den USA elo nees ferme limitéiert.

Kuerz virum Enn vun der Trump-Regierung zu Washington, gouf Kuba vun den USA nees op d’Terror-Lëscht gesat.

Den Ausseminister Pompeo huet erkläert, dass déi kubanesch Regierung "zanter Joerzéngte Mäerder, Bomme-Bauer a Kidnapper géif bei sech ophuelen, dorënner och Amerikaner, an dat misst en Enn hunn".

De kubaneschen Ausseminister Rodriguez huet dee Schratt vun der Trump-Administratioun op dat Schäerfst verurteelt an zeréck gewisen, an d’Mesuren zynesch a schäinhelleg genannt.

D’Entwécklungshëllef a generell finanziell Transaktioune mat Kuba gi vun den USA elo nees ferme limitéiert.

Ënnert dem President Obama 2015 gouf Kuba eréischt vun der Terror-Lëscht gestrach, mä ënnert dem Donald Trump hu sech d’Relatioune mam Noper nees ferme verschlechtert.