
Dee gréisste Marché am sougenannten „Darknet“ krut e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Déi däitsch Police soten Dënschdeg de Moien, si huet den Operateur vun deem Internetsite, op deem Drogen, Kreditkaarten a Waffe fir Cyberattacke verkaf ginn, festgeholl a säin Internetsite ofgeschalt.
Et war de Beamte vu Koblenz an Oldenburg gelongen, den "DarkMarket" zouzemaachen an de Server ofzeschalten. Donieft goufen nach weider 20 Serveren a Moldau an an der Ukrain zougemaach.
Den illegalen Internetsäitebedreiwer soll eng hallef Millioun Cliente gehat hunn, déi hir Geschäfter iwwer Kryptowärung bezuelt hunn. D'Police huet ronn 140 Milliounen Euro saiséiert.
Am meeschte gelies