No engem Tweet vum Tesla-Chef a Milliardär Elon Musk hunn Investisseure massiv an déi falsch Aktie investéiert, schreift d'Handelsblatt en Dënschdeg.

De Wäert vun der Aktie vun engem medezintechnesche Betrib ass ëm 5.500 Prozent explodéiert. De Maartwäert ass op 3,164 Milliarde geklommen. Den Elon Musk hat awer u sech eng aner Firma a sengem Tweet gemengt. Den Elon Musk gëllt fir vill Investisseuren als Guru fir gescheit Placementer.