D'Eckdaten vum Prozess sinn impressionnant: 355 Ugekloten, dorënner och de Chef, Luigi Mancuso, eng 400 Affekoten an iwwer 900 Zeien.

D'Reprochen gi vu Mord, iwwer Drogenhandel, bis hin zu Blanchiment.
De Prozess zu Lamezia Terme ass an engem extra dofir gebauten Sécherheetsgebai, a soll zwee Joer daueren. D’Ndreangheta ass international aktiv a géing een Ëmsaz vu méi wéi 50 Milliarden Euro duerstellen. Am August 2019 war ee presuméierte Member vun der Ndrangetha zu Zolwer festgeholl ginn. Hie gouf kuerz drop un Italien ausgeliwwert.