Schoulen an net-essentiell Geschäfter bleiwen zou. Et däerf een net méi ewéi zwou Persounen bei sech doheem empfänken.

Eigentlech sollten d'Restriktiounen den 19. Januar opgehuewe ginn. Den hollännesche Premier Rutte sot en Dënschdeg, datt dat net méiglech wier. De Virus, a besonnesch déi mutéiert Versioun aus Groussbritannien, géif sech den Ament nämlech ganz séier an Holland verbreeden.