Am Kader vu Korruptiounsermëttlunge géint seng Partei huet de Regierungschef vun Estland Jüri Ratas säi Récktrëtt bekannt ginn.

"Haut hunn ech d'Decisioun geholl, als Ministerpresident zeréckzetrieden", sou de Ratas e Mëttwoch op Facebook. Virdrun hätt ee sech stonnelaang beroden.

Hie géing hoffen, dass säi Récktrëtt dozou bäidréit, d'Affär ëm seng Partei opzeklären. Hie selwer hätt awer keng "béiswëlleg oder wëssentlech falsch Decisioune geholl", wéi et weider heescht.

Am Mëttelpunkt vun der Korruptiounsaffär steet en Immobiliëprojet vun der Firma Porto Franco, déi e lukrativen Deal mat den Autoritéite vun der Haaptstad Tallinn ofgeschloss haten. De Buergermeeschter gehéiert och zum Ratas senger Zentrumspartei. De Papp vum Proprietär vu Porto Franco soll donieft héich Zommen un d'Zentrumspartei gespent hunn.

Zu de Verdächtegen an der Korruptiounsaffär gehéiert och d'Kersti Kracht, eng Beroderin vum Finanzminister Martin Helme vun der rietsextremer Ekre-Partei.