De klenge Partner Italia Viva vum Ex-Ministerpresident Matteo Renzi huet hir Ënnerstëtzung an zwou Ministerinnen aus der Regierung zeréckgezunn.

Domadder huet d'Koalitioun vun der 5-Stäre-Beweegung an de Sozialdemokraten ënnert dem Ministerpresident Conte keng Majoritéit méi am Parlament. Hie kéint probéieren nei Majoritéiten am Parlament ze fannen, fir Neiwalen ze verhënneren.

Hannergrond ass ee Sträit ëm ee Konjunktur-Programm an Héicht vun iwwer 222 Milliarden Euro.