D'Mutatioun vum Coronavirus wier elo och an Éisträich ukomm, esou d'Argument vum Bundeskanzler Sebastian Kurz.

D'Situatioun huet sech nach emol däitlech verschäerft.

D'Zil wier elo, vum 8. Februar un de Commerce a Muséeën ënnert strenge Sécherheetsmoossnamen nees opzemaachen. Allerdéngs missten déi dagdeeglech gemellten Neiinfektiounen däitlech reduzéiert ginn.

Zu Wien sinn e Samschdeg iwwerdeems ronn 10.000 Leit géint d'Corona-Mesuren op d'Stroosse gaangen. Dorënner och vill Vetrieder vun der rietser Zeen, déi sech net un d'Hygiènesmesurë gehalen hunn.