Wéi den ägyptesche Ministère fir Tourismus an Altertümer e Samschdeg matgedeelt huet, goufen d'Särg an der alägyptescher Grabstätte Sakkara fonnt.

Dëst an 12 Meter déiwe Schächt. Den Totentempel wier zu Éiere vun der Kinnigin Naert, der Fra vum Kinnek Teti gebaut ginn, heescht et vum Responsabele vun der Ausgruewung, dem Sahi Hawass.

Hien hofft, dass dës Ausgruewung weider Detailer iwwert d'Geschicht vu Sakkara un d'Liicht bréngt. Déi hëlze Särg kéint een op d'Zäit vum Neie Räich (16. - 11. Joerhonnert viru Christus) datéieren. Déi archeologesch Schätz goufen an der Géigend vun der Pyramid vum Kinnek Teti fonnt.