An der Géigend vun den Talaud-Inselen huet en Donneschdeg de Buedem gewackelt.

Wéi déi indonesesch Agence fir Meteorologie a Geophysik mellt, hätt d'Äerdbiewen eng Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala gehat. En Tsunami wier esou gutt wéi auszeschléissen, huet d'Agence op Twitter geschriwwen. Berichter no hätt een d'Biewe bis op Mindanao an Davao City gespuert.

Bis ewell ass nach net gewosst, ob Persoune blesséiert goufen oder gestuerwe sinn. Informatiounen iwwer Materialschied sinn och net bekannt.

D'Talaud-Insele leien nërdlech vu Sulawesi, wou lescht Woch een Äerdbiewe vu 6,2 op der Richterskala gemellt gouf. Iwwer 90 Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm.