
© AFP (Archiv)
Dat huet d'Presidentin vum US-Representantenhaus Nancy Pelosi annoncéiert.
Mam 8. Februar wier och genuch Zäit fir d'Affekote vum fréieren US-President, fir sech ze preparéieren. Dat haten nämlech direkt e puer vun de Republikaner gefuerdert.
D'Representantenhaus hat virun annerhallwer Woch wéinst der Stiermung vum Kapitol duerch radikal Trump-Supporter d'Impeachment-Prozedur an d'Weeër geleet. Dem Donald Trump gëtt virgeworf, d'Onrouen ugestëft ze hunn.
Am meeschte gelies