Bis ewell krute just Erwuessener an Israel hire Corona-Vaccin. E Samschdeg de Moie goufen déi éischt jugendlech Residentë geimpft.

En Donneschdeg hat de Gesondheetsministère matgedeelt, dass Schüler tëscht 16 an 18 Joer kënne geimpft ginn, wann d'Elteren dëst autoriséieren. Eng éischt Gesondheetsorganisatioun hat de Weekend mam Impfe vu jonke Leit ugefaangen, 3 weider Organisatioune wëllen zu engem spéideren Zäitpunkt nozéien.

Zanter dem Ufank vun der Impfcampagne kruten an Israel iwwer 2,5 Millioune Leit hir 1. Dosis gesprëtzt. 900.000 Awunner kruten esouguer schonn hir 2. Dosis. Als éischt waren d'Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur, eeler a vulnerabel Leit un der Rei. Vun e Samschdeg u kënnen och Mënschen hir Piqûre kréien, déi manner wéi 40 Joer al sinn.

Trotz der erfollegräicher Impfstrategie ginn d'Neiinfektiounen an der leschter Zäit nees an d'Luucht. Dowéinst gouf den 3. Lockdown bis Enn Januar verlängert.