Weider Manifestante si vun den Autoritéite geschloe ginn.

No de Masseprotester e Samschdeg a ganz Russland géint d'Arrestatioun vum Kremlkritiker Alexej Nawalny bei deenen ënnert anerem seng Fra kuerzzäiteg festgeholl gouf, hunn e Samschdeg den Owend e puer honnert Supporter virum Héichsécherheetsprisong demonstréiert, wou den Alexej Nawalny festgehale gëtt. Dobäi goufe Manifestanten festgeholl. Anerer si mat Matraquë geschloen a verdriwwe ginn. Daagsiwwer ware méi wéi 3.500 Demonstrante festgeholl ginn. D'EU an d'USA hunn dat brutaalt Virgoe vun de russeschen Autoritéite verurteelt.

Den EU-Aussebeoptraagten Josep Borrell huet annoncéiert, datt d'europäesch Ausseministeren e Méindeg iwwert déi nächst Schrëtt géint Moskau diskutéieren. Déi amerikanesch Regierung huet d'Autoritéiten opgeruff, jidderee fräizeloossen, dee vu sengen universelle Rechter Gebrauch gemaach huet.

Den Alexej Nawalny a seng Supporter reprochéieren dem Kreml ënnert anerem Korruptioun. Dës Woch hate si eng Recherche iwwert e Luxus-Palais verëffentlecht, deen dem Vladimir Putin gehéiere soll a mat Bestiechungsgelder finanzéiert wier. De Kreml dementéiert.