Op Video-Biller gesäit et aus wéi eng lues Stäreschnäiz - an der Belsch oder Holland soll e Freideg de Moien e Meteorit erofgefall sinn.

Elo gëtt no Fragmenter gesicht, dat schreift de belschen ëffentlech-rechtlechen RTBF e Sonndeg. De belsche Fuerschungsprojet Fripon huet d'Evenement mat hire Kameraen observéiert a freet elo d'Awunner tëschent Termonde an Alost, eng 30 Kilometer vu Bréissel, ze kucken, ob se Steng aus dem Weltall fannen, déi fir d'Astronomen interessant kéinte sinn.