Ee Joer Prisong gouf et fir eng 36 Joer al Chinesin, déi virun engem Fluch hir Symptomer net uginn hat.

Am Fréijoer soll d'Fra aus den USA a China geflu sinn. Si hat e Medikament, wat d'Féiwer erofsetzt, geholl, fir datt si keng erhéichten Temperatur huet. Si hat och weider bekannte Symptomer, déi si awer eréischt uginn huet, nodeem si zu Peking gelant war, schreift déi staatlech Zeitung "Global Times". Dono gouf si du positiv op de Coronvirus getest.

D'Fra hat duerch hir Rees 64 enk Kontakter, déi all a Quarantän hu misste goen. Hiert d'Handelen hätt kéint d'Anti-Pandemie-Virschrëfte verstouss a hätt en eeschte Risiko fir d'Ausbreedung vum Virus duergestallt, esou d'Geriicht zu Peking.