Nächste Sonndeg soll hie bei der Joreskonferenz vun der Grupp "American Conservative Union" zu Orlando eng Ried halen.

Den Optrëtt dierft Indicë ginn op d'zukünfteg Relatioun vum Trump mat der republikanescher Partei. Et gëtt och domat gerechent, datt den Trump sech kritesch zu Decisioune vu sengem Nofollger Biden wäert äusseren.