Via Twitter huet hie vun Aschüchterungen a Belästegunge géintiwwer Demonstrante geschwat, déi inacceptabel wieren.

Jiddereen hätt d'Recht, sech friddlech ze versammelen, huet de Guterres betount. Zäitgläich huet hien all d'Säiten am Myanmar dozou opgeruff, d'Resultater vun de leschte Walen ze respektéieren an erëm eng Regierung aus Zivilisten ze bilden.

D'Autoritéiten am Myanmar ware mat massiver Gewalt géint Demonstrante virgaangen. An der zweetgréisster Stad Mandalay goufen e Samschdeg op d'mannst 2 Persounen erschoss, ronn 30 goufe blesséiert. Hannergrond vun de Protester ass de Militärputsch vum 1. Februar.