Eleng zu Barcelona goufen 100 Leit festgeholl, nodeems se sech mat der Police ugeluecht haten.

Hannergrond ass de Fait dass de katalanesche Rapper Pablo Hasel d‘lescht Woch verhaft gouf, well hien eng Prisongsstroof wéinst Beldeidegung vun der Monarchie a Glorifizéierung vum Terrorismus net ugetrueden war.

Den Hasel a seng Sympathisanten gesinn doranner en Urteel, dat géint d’Meenungsfräiheet verstéisst.

Vill Spuenier solidariséiere sech och mam Museker, ënnert anerem Kënschtler, oder och de Filmschauspiller Javier Bardem, an de Regisseur Pedro Almodovar.