9 Déiere si scho gestuerwen, eng 60 Leit sinn am Asaz, fir d'Déieren ze retten.

Iwwer 50 Langflosse-Grindwale si virun Neiséiland a flaacht Waasser geroden. Néng Déieren hunn dëst bis elo net iwwerlieft. Eng 60 Leit probéieren aktuell d'Déieren kal ze halen, bis d'Flut asetzt a si nees erausschwamme kënnen.

Ëmmer nees passéieren esou Onglécker virum Farewell Split. Wisou dat de Fall ass, ass aktuell awer nach onkloer. Wëssenschaftler fäerten, datt sech wéinst dem niddrege Waasser d'Déieren hei einfach verléieren.