Nodeems d'Aktië vun Apple extrem gutt gelaf sinn, verkeeft elo nom Warren Buffet e weidere groussen Holder seng Aktien.

Eng Millioun Aktioun vun der iPhone-Entreprise huet d'Gates-Stëftung Enn 2020 verkaf, wéi aus engem elo publizéierte Rapport un déi US-amerikanesch Agence SEC ervirgeet. Den Investment an Apple gouf ëm d'Hallschent reduzéiert.

Aus aneren Technologie-Entreprisen huet d'Stëftung sech souguer komplett zeréckgezunn. Alleguerten d'Undeeler un Uber an Alibaba goufen zum Beispill verkaaft. U béid Konzerner hat d'Gates-Stëftung awer éischter wéineg Undeeler. Et solle 550.000 Alibaba-Aktien a 26.000 Uber-Aktie sinn.

Och bei Amazon a beim Google-Mamme-Konzern Alphabet gouf reduzéiert.

Op der Bourse kommen elo natierlech Froen op, ob a wéi laang de Succès vun Technologie-Entreprisen nach kéint weidergoen.