Hie muss sech wéinst dem Besëtz an dem Verbreede vu Kannerpornographie veräntweren.

D'Uklo vum Parquet gouf akzeptéiert, esou datt de Metzelder sech elo viru Geriicht veräntwere muss. D'Verhandlung vum fréieren däitsche Futtballnationalspiller soll den 29. Abrëll ufänken.

Beim 40 Joer ale Ex-Spiller vu Borussia Dortmund, Real Madrid a Schalke 04 goufe vun Ermëttler kannerpornographescht Material fonnt, dat an 29 Fäll. De Metzelder gëllt awer als Onschëlleg, bis seng Schold bewisen ass.