D'Weltraumagence Nasa huet e spektakuläre Video vun der "Perseverance"-Landung um Mars publizéiert.

Verschidden Opname weisen, wéi de "Rover" der rouder Uewerfläch ëmmer méi no kënnt a schlussendlech erfollegräich lant. Eng aussergewéinlech Opnam fir d'Aen an d'Oueren. Am Video sinn nämlech och Geräischer ze héieren. An zwar Wandgeräischer, déi wärend der Landung entstane sinn.

Dëst ass eng Première a Saache Videoopnamen am All. Nach ni konnt een Ereegnes wéi d'Mars-Landung op dës Manéier a Video-Format festgehale ginn, huet den Nasa-Vertrieder Michael Watkins betount.

Leschten Donneschdeg ass d'"Perseverance" um Mars ukomm. Am Juli ass de "Rover" a Richtung Roude Planéit gestart a soll elo wärend e puer Joren op d'Sich no Spuere vu fréierem mikrobielle Liewe goen.

Ronn eng Tonn ass de "Rover" schwéier, huet eng Gréisst vun engem SUV a verfüügt iwwer en 2 Meter laange Roboteraarm, 19 Kameraen an 2 Mikroen. Donieft huet "Perseverance" de liichte Mini-Helikopter "Ingenuity" op de Mars bruecht, dat éischt Fluch-Gefier, dat op engem frieme Planéit fléie soll.

"Perseverance" ass de fënnefte Rover, deen op de Mars geflunn ass. Alleguerte goufe vun den USA gebaut. De leschten, "Curiosity", ass nach ëmmer am Asaz.