E Mëttwoch ass e Corona-Sommet vu Bund a Länner. Eng Verlängerung vum Lockdown a verschidde Lockerunge sollen annoncéiert ginn.

Anescht wéi 2020 sollen d'Awunner an Däitschland zum Beispill hir Famill kënne fir Ouschteren invitéieren. Wéi aus engem Entworf vum Corona-Sommet e Mëttwoch ervirgeet, hätt Chrëschtdag nämlech gewisen, dass Familljentreffen net onbedéngt Superspreader-Events musse sinn, mee och sécher kënnen oflafen.

Iwwer d'Ouschterdeeg kéinten deemno 4 Persounen ageluede ginn, déi net aus dem selwechte Stot sinn. Kanner ënner 14 Joer ginn net matgezielt. Fir d'Sécherheet vun de Leit ze garantéieren, gëllt dowéinst den Appell, d'sozial Kontakter an de 5-7 Deeg virun Ouschteren op en absolutte Minimum ze reduzéieren a Corona-Tester ze maachen.

Weider um Programm vum Corona-Sommet wäerte Schnelltester stoen. Zil ass et, dass d'Personal aus de Schoulen a Crèchen, wéi och d'Schüler an Zukunft 1-2 Mol an der Woch e gratis Schnelltest maache kënnen. Och d'Betriber an Däitschland solle verflicht ginn, 1 bis 2 Schnelltester pro Woch un hir Mataarbechter z'offréieren, déi net am Homeoffice sinn.