Wéi et e Méindeg aus dem Ëmfeld vum fréieren US-President heescht, hätt hie kuerz virum Enn vu senger Amtszäit seng Piqûre gemaach kritt.

Bis ewell huet hie sech net ëffentlech iwwert seng Impfung geäussert.

E Sonndeg huet de Republikaner bei sengem éischten ëffentlechen Optrëtt no der Amtsaféierung vum Joe Biden d'Leit dobaussen opgeruff, sech vaccinéieren ze loossen. A villen Deeler vun den USA stinn d'Awunner de Corona-Impfstoffer kritesch géintiwwer, zemools vill Trump-Supporter trauen hinnen net.

Den Trump hat d'Ausmooss vun der Pandemie ëmmer nees verharmloost a sech am Oktober mam Coronavirus infizéiert. Och aner Leit aus senger Famill an aus sengem Ëmkrees goufe positiv getest, dorënner seng Fra Melania.

Fir d'Vertrauen an d'Corona-Impfstoffer ze stäerken, hat sech den Joe Biden schonn am Dezember ëffentlech viru lafender Kamera impfe gelooss.

An den USA krute schonn iwwer 50 Millioune Mënschen hir éischt Dosis gesprëtzt, wat 15% vun der ganzer Bevëlkerung ausmécht. Iwwer 514.000 US-Bierger sinn am Zesummenhang mat Covid-19 gestuerwen.