Bei weidere Masseprotester géint de Militärputsch hunn d'Zaldoten en Dënschdeg mat schaarfer Munitioun geschoss.

Dobäi goufen 3 weider Persoune liewensgeféierlech blesséiert.

Zanter dem Militärputsch kënnt et vum 1. Februar un ëmmer erëm zu Masseprotester, déi bluddeg ausginn. D'Manifestante fuerderen, datt d'Regierungscheffin Aung San Suu Ky fräigelooss gëtt.