A Frankräich ass iwwerdeems eng aner rietsextrem Organisatioun e Mëttwoch opgeléist ginn.

D‘AfD ass ënner Iwwerwaachung vun der Police. D’Bundesamt fir Verfassungsschutz huet d’AfD nämlech zum Rietsextremistesche Verdachtsfall deklaréiert. Dëst mécht Iwwerwaachung an Infiltratiounen duerch d’Geheimdéngschter méiglech.

Fir d’AfD géing hei versicht ginn, d’Partei mat staatleche Moyene kleng ze kréien. D’liberal Fraktioun huet scho Mol d’Decisioun vum Verfassungsschutz begréisst.

A Frankräich do ass eng aner rietsextrem Organisatioun e Mëttwoch opgeléist ginn. Hei handelt et sech ëm de Grupp „Generation identitaire“. D’Decisioun kënnt hei vum Inneministère. D’Argument ass, datt de Grupp zum „Haass a Gewalt“ géint Leit oprifft, opgrond vun deenen hiren Originnen oder hirer Relioun. De Grupp hätt och eng militäresch Form ugeholl a kéint dowéinst als privat Miliz ugesi ginn.