E Mëttwoch huet eng Persoun an der schweedescher Gemeng Vetlanda 8 Persoune mat engem "schaarfe Géigestand" verwonnt, 2 dovu méi uerg.

Wéi et vun der lokaler Police heescht, wier de presuméierten Täter festgeholl ginn. Säin Alter gëtt op ongeféier 20 Joer geschat. Weider Informatiounen iwwert de Verdächtege si bis ewell net gewosst. Hie gouf wärend dem Policeasaz vun enger Kugel um Bee blesséiert a gëtt den Ament am Spidol behandelt.

D'Police iwwerpréift ob dës Attack en terroristeschen Hannergrond huet.