Seng konservativ Partei geet zwar de Prognosen no bei de Walen erëm als stäerkste Kraaft ervir. Si wier awer op e Koalitiounspartner ugewisen.

No de Parlamentswalen e Sonndeg a Bulgarien huet de Ministerpresident Borissow proposéiert, eng Regierung aus Experten zesummenzesetzen.

Seng konservativ Partei geet zwar de Prognosen no bei de Walen erëm als stäerkste Kraaft ervir an dat mat 25 Prozent vun de Stëmmen. Si wier awer op e Koalitiounspartner ugewisen.

Déi eigentlech Gewënner vun de Wale sinn d'Protestparteien, mee och si hu keng Majoritéit. Neiwale sinn dowéinst net ganz ausgeschloss.