No hirer Wal am Parlament huet si zum Dialog mat Serbien opgeruff, fir d'Bezéiungen tëscht béide Säiten ze normaliséieren.

Déi populär Juristin Vjosa Osmani krut am Parlament awer eréischt am drëtten Tour eng Majoritéit zesummen, well d'Oppositioun de Vote blockéiert huet. Fir ofzestëmmen, mussen 80 vun den 120 Parlamentarier do sinn an dat war e Samschdeg net de Fall.
Wann och aus dem drëtten Tour näischt gi wier, dann hätt d'Parlament missen nei gewielt ginn.

D'Vjosa Osmani hat am November de Poste vum President iwwerholl, nodeems hire Virgänger huet mussen zerécktriede wéinst enger Plainte um Krichsverbriecher-Tibunal zu Den Haag. Hie soll mat responsabel si fir knapp 100 Fäll vu Mord a Folter wärend dem Kosovo-Krich.

Déi nei Presidentin wëll sech fir de Kampf géint d'Korruptioun a fir besser Liewenskonditiounen asetzen. Den duerchschnëttleche Salaire läit am Kosovo den Ament bei 500 Euro. De Jugendchômage bei 50 Prozent.

D'Europäesch Unioun, déi ee vun de wichtegsten Alliéierte vum Kosovo ass, hält donieft drop, datt et en Dialog mat Serbien gëtt.

De Kosovo hat mat sengen 1,9 Milliounen Awunner am Joer 2008 seng Onofhängegkeet vu Serbien erkläert. Wat awer vu Serbien, dat vu Russland ënnerstëtzt gëtt, net unerkennt gëtt.