Mam "Ingenuity" soll déi éischte Kéier an der Geschicht e motoriséierten Apparat iwwert de Mars fléien.

Mam Ofsetze vum Mini-Helikopter ass déi 471 Millioune Kilometer laang Rees vum "Ingenuity" u Bord vum Mars-Rover "Perseverance" op en Enn gaangen. E Samschdeg huet d'Nasa d'Landung op Twitter confirméiert. Déi gréissten Erausfuerderung wier et elo, d'Nuecht ze iwwerliewen, heescht et vun der Weltraumagence.

Op enger Foto, déi d'Nasa an de sozialen Netzwierker gedeelt huet, ass ze gesinn, dass sech de Rover vum Mini-Helikopter distanzéiert huet. Elo gëtt den "Ingenuity" eenzeg an eleng vu Batterië gehëtzt. Dëst ass wichteg, well et nuets bis zu -90 Grad um Roude Planéit kënne ginn. Den Helikopter brauch allerdéngs Temperature vu ronn 7 Grad, fir seng elektresch Komponente viru Frascht ze schützen.

Eng éischte Kéier soll "Ingenuity" fréistens den 11. Abrëll fléien. De Käschtepunkt vun der Entwécklung vum 1,8 Kilo schwéieren Apparat soll ronn 85 Milliounen Dollar kascht hunn. Op enger Héicht vun 3 Meter soll d'Maschinn, déi ausgesäit wéi eng Dron, 30 Sekonnen an der Luucht bleiwen an dann nees landen. Mat enger integréierter Kamera solle wärend dem Vol Fotoe vum Mars gemaach ginn.