Den Najib Razak gouf wéinst Korruptioun zu enger Geldstrof an Héicht vu bal 42 Milliounen Euro an 12 Joer Prisong verurteelt.

En Urteel, dat de fréiere Regierungschef als "Justiz-Iertum" bezeechent huet. Den Affekot vum Razak huet argumentéiert, de Riichter hätt a sengem éischte Verfaren net genuch Erfarung am Ëmgang mat Strofdote gehat.

Den Ex-Ministerpresident gëtt donieft och a weidere Fäll wéinst Korruptioun beschëllegt. Hie kritt virgeworf, grouss Zommen aus Fonge geklaut an dës fir ënnert anerem Luxuswunnengen a Konschtwierker ausginn ze hunn. Bannent senger Regierungszäit goufe Suen a Milliardenhéicht aus dem Staatsfong 1MDB verontreit.

De Prozess soll viraussiichtlech bis den 22. Abrëll daueren. Beim Optakt hat d'Verdeedegung gefrot, de Prozess ëm 1 Mount no hannen ze verréckelen, fir u weider Beweismaterial ze kommen. Dëst gouf awer vun de Riichter ofgeleent.