D'Saisië goufen am Kader vun der Enquête géint de kryptéierte Kommunikatiounsreseau Sky ECC gemaach.

Dat huet de Parquet vun Antwerpen e Méindeg matgedeelt. D'Drogen hunn e Wäert vu bal 1,4 Milliarden Euro, präziséiert d'Justiz.

Déi déckste Quantitéit Kokain wier an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg fonnt ginn. Eleng dat wieren 11 Tonnen an engem eenzege Container gewiescht.