Den Abbas ass um Wee fir an Däitschland, wou hien nieft enger medezinescher Untersuchung och e Rendez-vous bei der Bundeskanzlerin Merkel huet.

Hien huet Ramallah am Westjordanland u Bord vun engem Helikopter verlooss. No engem Tëschestopp a Jordanien wäert hien a Richtung Däitschland weiderfléien. De Retour ass fir en Donneschdeg virgesinn.

An de Palestinensergebidder sinn den 22. Mee déi éischte Parlamentswalen zënter 15 Joer. Do wäerten d'Fatah-Beweegung vum Abbas wéi och déi radikalislamesch Hamas géinteneen untrieden.