Dat méi wéi ee Joer, nodeems hie wéinst Sexualverbriechen zu New York schëlleg gesprach an zu 23 Joer Prisong verurteelt gouf.

De fréieren Hollywood-Mogul geet elo an Appell. Seng Affekoten hunn en Dënschdeg déi néideg Dokumenter viru Geriicht deposéiert, mam Argument, dass him kee faire Prozess erméiglecht gi wier.

Eng Partie Fraen, déi als Zeie gehéiert goufen an de Produzent belaascht hunn, hätten u sech guer net als Zeien däerfen zougelooss ginn, well hir Reprochen net Deel vun der Uklo waren, soen d’Affekoten, déi och d‘Befaangenheet vun engem Member vun der Grand-Jury a Fro stellen.

Am Februar 2020 war de Weinstein verurteelt ginn. Wéi d’Reprochen am Hierscht 2017 bekannt goufen, ass d’MeToo-Beweegung géint Gewalt géint Fraen un d’Rulle komm.