
Dat wier ee grousse Schrëtt no vir, sou den däitsche Finanzminister Olaf Scholz.
Den SPD-Politiker mengt och, et kéint souguer schonn dëst Joer en Accord ginn.
D’US-Staatssekretärin fir den Tresor a fréier Cheffin vun der Federal Reserve Janet Yellen hat sech fir eng weltwäit minimal Besteierung ausgeschwat.
D’Regierung vum Joe Biden plangt e groussen ëffentlechen Investitiounsplang, deen ënnert anerem duerch eng Hausse vun der Betribssteier vun 21 op 28% soll finanzéiert ginn.
D’Republikaner, mee och eenzel Demokraten sinn awer géint dee Plang well deen der Kompetitivitéit géing schueden.
Am meeschte gelies