D’Bundeskanzlerin Merkel wëll dat däitscht Gesetz iwwert den Infektiounsschutz reforméieren, an doduerch d’Coronamesurë bundeswäit vereenheetlechen.

Dat mellen op alle Fall verschidden däitsch Medien a baséieren sech op Regierungskreesser.

Dem Plang aus dem Kanzleramt no misste Bundeslänner an och Landkreesser hir Mesuren da verschäerfen, wann den Inzidenz-Taux iwwert e gewëssene Seuil erausgeet.

Nach ass ongewëss, ob sou eng Ännerung eng Majoritéit am Bundestag ka kréien.