Wéi et a Medien heescht, wëll den Joe Biden en Donneschdeg am Laf vum Dag eng Partie Dekreter virstellen.

Ënner anerem solle méi streng Reegele fir déi sougenannt "ghost weapons" decidéiert ginn: Dat si Waffen, wou déi eenzel Komponenten online bestallt ginn an da selwer zesummegebaut ginn. Eng Serien-Nummer gëtt et dacks net.