Ënner anerem goufen Autoen a Brand gestach an et goufen Ausenanersetzunge mat der Police. Zu Belfast gouf e Bus attackéiert.

Hannergrond sinn Tensiounen tëschent pro-britteschen Unionisten an op där aner Säit Supporter vun engem vereenegten Irland. De brittesche Premier Boris Johnson seet sech besuergt iwwer dës Entwécklung. Hie verurteelt d'Gewalt a verlaangt en Dialog.